Quantcast
Channel: LTAM :: Actualités
Viewing all 50 articles
Browse latest View live

MTB Schüler & Proffen LTAM & LTPEM

$
0
0
Et war nees esou waït an mir hunn eisen 2. gemeinsamen MTB-Tour fir Schüler a Proffen aus dem LTAM an dem LTPEM organiséiert. Getraff hunn mir eis Samsdes den 7.02.15 um 9:00 virum LTPEM wou nach d'Kleedung an d'Veloën fir eisen wanterlëchen Tour gechecked goufen. Mat enger knackëger Montée as et lass gaang Richtung Gréngewald op de Plateau vum Kierchbierg. Flott Singletrails déi eis vill Spaass bereet hunn waren derbei! Duerno goung et weider offroad Richtung Waldhaff a Stafelter éier mir nees duerch den Heeschdrëfer Hang zréck op Dummeldéng sinn. Herrlëcht Wieder, zwar kaal awer mat vill Sonn, huet eis während eisen 25km begleet. 0 Platten an propper Veloën waren och en positiven Fazit. Mir frëen eis well op di nächst Sortie:-))).

LASEL FUN in ATHLETICS

$
0
0
Den 12.02.15 waren mir mat enger Meedercher- a Jongenéquipe an d'Coque op den LASEL Fun in Athletics wou et drëms geet fir Spaass un der Liichtathletik ze hunn. An verschiddenen Ateliers sinn sie gelaf, gesprongen an hunn geworf. Merci un di 2 ganz dynamësch Equipen:-).

Dëschtennisspiller (A,B,C) gesicht fir d'LASEL

$
0
0
Den 5.03.15 as d'LASEL-Championnat am Dëschtennis fir A, B, oder C klasséiert Schüler. Den Tournoi as um 14h00 am LJBM. Mir sichen nach dringend Spiller fir mat! Schreift Iech w.e.g bis den 27.02 op eiser Pinnwand nieft der Cafeteria an. Détailer kritt dir bei eis am Sportsbureau. Merci am Viraus!

Streetball-Interclasses

$
0
0
Dësen Freiden 27.03.15 kënnen d'Schüler fir den Streetball-Interclasses (Start 24.04) vun 11h40-12h40 üben kommen. Och déi di net um Interclasses ageschriwwen sinn däerfen spillen kommen ;-). D'Sportsproffen

Frëndschaftsmatch am Basketball

$
0
0
Freides den 8.05.15 um 16h30 organiséieren mir en Frëndschaftsmatch am Basketball géint den LTPEM. Mir brauchen Schüler am 10e/11e Alter. Schreift Iech vum 20.04 un op eiser Pinnwand bei der Cafeteria an. Merci am Viraus an op en flotten Match:-) D'Sportsproffen

Basketball Frëndschaftsmatch LTAM-LTPEM 66-70

$
0
0
Et war en flotten an spannende Match géint den LTPEM. Schued dass et no laanger Féierung zum Schluss net méi duer gaangen ass:-( Mee mir freeën eis elo well op eng Revanche! Bravo un eis Equipe: Mara, Vito, Max, Christian, Patrick, Luca, Ryck, Ivano, Alessio an Kevin!

LASEL CHAMPIONNAT BEACH-HANDBALL 18.06.15

$
0
0
Et ass dei eischten Kéier dat den LTAM beim Beach-Handball vun der LASEL matgespillt huet an eis Jongen hun sech super geschloen! An den Qualificatiounen gewannen sie 2 vun 4 Matcher mat ganz flotten Goaler an schloen d’Equipe vum LAML an den Plazéierungsmatcher. Dat bréngt eiser Equipe die 5t Platz vun 10 Equipen. En groussen Bravo fier ären Asatz!!!

ASEL BEACH-VOLLEYBALL 2 c 2 25.06.15

$
0
0
Den Colin an den Alex hun em 4 Punkten dei 2ten Platz verpasst mee kommen op dei gudd 4ten Platz. Sie huelen op alle Fall d'nächst Joer hier Revenge an viséieren den Championstitel Bravo Jungs!

LASEL TENNIS DE TABLE QUALIFICATIONS ISF 15.10.15

$
0
0
Den Max, Philippe an Thierry hun et bis an d’Finale vun den Qualifikatiounen fier d’ISF Championnater am Deschtennis gepackt! Geint den Sportlycée war awer dun naischt méi ze machen. Super gespillt Jongen!!!

LASEL - STREETBALL

$
0
0
E GROUSSE MERCI UN D’MODERT MANDY (13GE1), BIS DAVID (13GE3), RISCHETTE DAVID (13GE) an KERSCHEN GILLES (13GE3). Dës Equipe huet flotte Basket gespillt an as op déi 7. Platz komm. Insgesamt hun 24 Schouléquipen matgemeet.

19/11/2015 LASEL Futsal Seniors 1ten Tour

$
0
0
Haut war bei Waïtem di bescht Leeschtung vun eiser LAM-Equipe! Och wann et net duergaang as fir ze wannen hunn sie flott Matcher gewisen an kënnen dorobber opbauen! Weider esou:-) LTC -LAM 1-0 EPNDL - LAM 2-2 LAM - LGL 1-4 Bravo! Monique LUDOVICY

Aschreiwungen fir den Futsal Interclasses 10e-13e

$
0
0
D’Aschreiwungen fir den Futsal Interclasses 10e-13e hänken op der Pinnwand bei der Cafeteria aus. Bis den 11.12 w.e.g aschreiwen. Start as no der Krëschtvakanz, Méindes den 4.01.16 um 11h40. Den Spillplang hänkt den Méinden 14.12 aus. Bonne chance! Tom GIERES & Monique LUDOVICY

Frëndschaftsmatch am FUTSAL géint den LTPEM

$
0
0
Méindes den 14.12 um 16h30 spillt den LAM nees en Frëndschaftsmatch am FUTSAL géint den LTPEM. Schüler vun 10e-12e kënnen sëch ab haut op eiser Pinnwand androën. Jacques KIEFFER & Monique LUDOVICY

Andréck aus der Klammen-Sportsektioun 2.12.15

Championnat Ski LASEL

$
0
0
CHAMPIONNAT DE SKI LASEL / FLS 14.01.16 – 17.01.16 Zu Adelboden (CH) hun den Glenn Birsens, Felix Prager an Mika Prochazka den LAM um Ski-Championnat vun der LASEL vertrueden. Trotz ganz schwéieren an kaalen Konditiounen sin d’Jongen gudd gefuer. An hierer Alterskategorie kommen den Glenn an den Felix op déi drëtten Platz. Bravo Jungs !

T1MG goes LUXROLLERS!

$
0
0
Leschten Freiden konnten d’Schüler vun der T1MG mol eng Kéier en aaneren Basket probéieren. Et war eng mega flott Erfahrung fir sie! En ganz décken MERCI un de Chris, de Raymond an de Philippe!

LASEL - NATATION

$
0
0
En ganz grousse MERCI un den ADAMI Mike, deen fir den LAM, bei den 50 an 100 Meter nage libre ugetrueden as!

LASEL - BOULDER Championnat

$
0
0
Gratulatioun un d’Li Seyler (Seniorin mat Lizenz) an d’Maryse Nennig (Seniorin ouni Lizenz) déi den 25. Februar 2016 eng gudd 2. Plaaz an hirer Kategorie erklommen sinn !

Badminton Interclasses 2016

$
0
0
3. Trimester 18.04.16 1 Klassenéquipe besteet aus : 2 Spiller (eng Klass kann och e puer Equipen unmellen !) HANDICAPSYSTEM : 1 Meedercher-Equipe – 1 Jongen-Equipe = 6 fir d’Meedercher ( 4 am Eenzel) 1 Mixte-Equipe – 1 Jongen-Equipe = 3 fir d’Mixte-Equipe MATCHFORM : 2 Eenzelmatcher , 1 Dubbelmatch jeweils op d’Zaït ASCHREIWUNG as op eiser Pinnwand, bis den Freiden 25.03.16 TRAINING as den 1. Méinden no der Ouschtervakanz 11.04.16 START as den 2. Méinden no der Ouschtervakanz 18.04.16 Propper Sportstenue matbréngen!

LASEL Badminton Championnat Minimes non-affiliés 21.04.16

$
0
0
Den Luca Feidt an den Jeremy Villar hunn gudd gekämpft an konnten sëch no jeweils 8 Matcher op der 9. Plaz (Luca) an 12. Plaz (Jeremy) klasséieren. 36 Minimes Jongen hunn matgespillt. BRAVO Jungs! Am Dubbel-Championnat no der Vakanz huelt dir d’Revanche :-)
Viewing all 50 articles
Browse latest View live